Wëllkomm um Internetsite vun der Nohëllefschoul “Eilchen”.

 

Mir sinn ee jonkt dynamescht Team mat Erfahrungen am sozialen, edukativen souwéi schouleschen Beräich a bidden Iech, léif Elteren a Famillje gären eng Hëllefstellung un wann äert Kand schoulesch Schwieregkeeten huet.

 

Kontaktéiert ons a fannt alles iwwer eis eraus wat wëssenswärt ass.

Gäre si mir bereet een individuelle Rendez-Vous mat Iech auszemaachen fir esou een éischte Kontakt zu Iech an ärem Kand hierzestellen.


Presentatioun

D’Nohëllefschoul « d’Eilchen » einfach a kuez erklärt !


Eis Konzepter fänken do un wou anerer ophalen an esou riichte mir eis ganz no eisem Leitsatz „Stärken stärken, schwächt Schwächen“.
Mir setze mat eiser Ënnerstëtzung bei all Kand mat enger gezielter an individueller Fuerderung un.
Niewent der Méiglechkeet Couren individuell Doheem ze kréien ass et awer och méiglech dass Äert d’Kand d’Couren an de Raimlechkeete vun der Nohëllefschoul besicht.
Ziel vun eiser Aarbecht ass et Ärem Kand Couren unzebidden déi konkret op d’Kompetenze vun Ärem Kand zougeschnidde sinn an esou soll Äert Kand nees méi Loscht um Léieren a méi een héicht Selbstvertrauen entwéckelen.
Duerch eng gezielt Zesummenaarbecht mat de Maison’s Relais, den Eltere souwéi och den Enseignantë versiche mir Iech eng emfangräich Fuerderung ze erméiglechen déi der schoulescher Entwécklung vun Ärem Kand sécherlech ze gutt komme wärt.
Schreift iech an a loosst Iech Iwwerzeegen, en detailléiert Konzept kritt all Famill déi mat ons zesumme schafft.

EIS SERVICER

Eis Servicer / wat bidde mir un:

 

– Spezifesch Couren an all Schoulfach
– Couren an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
– kreativ Atelieren a klenge Groupen
– Individuell Couren Doheem
– Couren an der Nohëllefschoul a Groupe vun 2 bis 4 Kanner
– individuell Analyse vun der schoulescher Situatioun
– gezielt Gespréicher mat den Elteren an den Enseignant’en
– Erstellung vun individuellen a spezifesche Wochepläng
– Auswäertung a Verbesserung vun de Wochepläng
– Regelméissegen Austausch a Kontakt mat de Familljen
– Elterenberodung am Beräich vun der Hausaufgabenhëllef
– Zesummenaarbecht mat de Schoulen a Maisons Relais
– Flexibel Coure Weekends souwéi an der Woch
– Couren an de Schoulvakanzen



 

Iwwer d’Eltereschoul Janusz Korczak kënn Dir eis als Schoul, Gemeng oder Maison Relais fir en Elterenowend ronderëm d’Thema Léieren buchen.